Fir déi meescht vun den EU-Verdeedegungsministeren ass kloer: De Wladimir Putin spillt weider op Zäit. Eng Wafferou oder ee Friddensaccord ass net ofzegesinn.
Keng positiv Zeeche vu Moskau
Déi massiv Attacke vu Russland an de leschten Deeg géifen eng däitlech Sprooch schwätzen, esou den alen an neien däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius.
"Der Krieg könnte morgen durch einen einfachen Befehl von Wladimir Putin beendet werden oder zumindest für einen Waffenstillstand unterbrochen werden. Nichts davon ist wirklich ernsthaft erkennbar. Deswegen bleibe ich dabei: Wir müssen die Ukraine weiter unterstützen, damit sie aus einer Position der Stärke heraus agieren aber auch über einen Waffenstillstand verhandeln kann."
Lëtzebuerg mat 5.000 Schoss bei Kallas-Initiativ dobäi
Méi Efforte maachen, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen. Dat ass dat, wouriwwer zu Bréissel op der Reunioun vun de Verdeedegungsministere geschwat gëtt.
Ënner anerem geet et em eng Initiativ vun der EU-Baussebeoptragte Kaja Kallas fir zwou Millioune Schoss un d’Ukrain ze liwweren. Däitschland wäert sech massiv bedeelegen, seet de Boris Pistorius.
Lëtzebuerg ass och dobäi, verséchert d’Defense-Ministerin Yuriko Backes.
"Vun deenen zwou Millioune si schonn zwee Drëttel geliwwert ginn. Feelt nach een Drëttel. Lëtzebuerg huet natierlech och wëlles oder ass amgaangen do ze contribuéieren, mat fënnefdausend Schoss Unitéiten. Dat heescht, mir ënnerstëtzen dat a mir droen dozou bäi."
Kallas: Och USA muss Drock erhéijen
Wa Russland net nogëtt, muss den Drock weider erhéicht ginn. Dat hat um Dënschdegmoien d’Kaja Kallas ënnerstrach. Si erwaart sech, datt och d’USA dat maachen.
"Mir wëlle Konsequenzen och vun der amerikanescher Säit gesinn, mir hunn do den Drock no deene Gespréicher nach net gesinn."
Méi positiv huet sech den Nato-Generalsekretär Mark Rutte ausgedréckt. Hie wier frou, datt den Donald Trump déi Roll iwwerholl huet, Russland un de Verhandlungsdësch ze bréngen. Dat wier ganz positiv, esou de Mark Rutte, dee sech konkret zum Telefonsgespréich vun e Méindeg net äussere wollt.
D’EU-Ausseministere wäerten de 17. Sanktiounspak vun der EU géint Russland op de Wee bréngen. Dee gesäit ënner anerem eng Verschäerfung géint déi russesch Flott fir den Transport vu Pëtrol vir, genee ewéi Mesure géint Entreprisen, déi déi russesch Rüstungsindustrie ënnerstëtzen.