arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fridden duerch Kapitulatioun? Fir Ukrain huet den Donald Trump genee dat wëlles

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Fridden duerch Kapitulatioun? Fir Ukrain huet den Donald Trump genee dat wëlles

Territoiren u Russland oftrieden, eng reduzéiert Arméi, a keen NATO-Bäitrëtt: Dat sinn e puer Konditiounen aus dem Donald Trump sengem Friddensplang fir d'Ukrain. Déi gesi schwaarz a riichte sech elo un d'EU.

headphones

1 min

Den Andrij Sybiha, Ausseminister vun der Ukrain. | © picture alliance/dpa | Soeren Stache
Den Andrij Sybiha, Ausseminister vun der Ukrain. (Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache)

Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha huet gëschter um Freidegowend mat europäeschen Homologen iwwer de sougenannte Friddensplang vum US-President Donald Trump fir en Enn vum Krich a sengem Land geschwat.

Et hätt een am Detail iwwer déi 28 Punkte vun deem Plang diskutéiert, an et wéilt ee weider Drock op Russland maachen, fir dem Krich an der Ukrain en Enn ze setzen.

Trump setzt d'Ukrain ënner Drock

Kiew soll deem Plang no jo Territoiren u Russland oftrieden, drop verzichten, an d’NATO ze kommen, a seng Arméi reduzéieren.

Den Donald Trump huet der Ukrain 5 Deeg Zäit gi fir eng Äntwert. D'Ukrain gesäit dee Plang awer als eng Zort vu Kapitulatioun.