arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Numm vun ukrainescher Militärunitéit: Sträit tëschent Polen an der Ukrain

Ukrain-Polen

|
reading time

1 min

Wéinst Numm vun ukrainescher Militärunitéit: Sträit tëschent Polen an der Ukrain

De polnesche President Karol Nawrocki huet sengem ukraineschen Homolog Wolodymyr Selsenkyj de prestigiéise polneschen Uerder vum wäissen Adler oferkannt. Dat well den ukrainesche President enger Arméiunitéit den Numm vun der ukrainescher Opstandsarméi ginn hat.

reading time

1 min

De Wolodymyr Selenskyj an de Karol Nawrocki  | © EPA/MARCIN OBARA POLAND OUT
De Wolodymyr Selenskyj an de Karol Nawrocki (Foto: EPA/MARCIN OBARA POLAND OUT)

Déi war allerdéngs am zweete Weltkrich mat responsabel fir de Massaker un zéngdausenden Polen a Judden.

Elo hunn och den ukraineschen Ausseminister, an de Chef vum Presidialamt annoncéiert, hiren Uerder wëllen zeréckzeginn. De polnesche President Donald Tusk huet un de Karol Nawrocki mee och un de Wolodymyr Selsenksyj appelléiert, sech ze mässegen.

De Sträit tëschent Polen an der Ukraine géif de Wladimir Putin freeën, an déi Alliéiert schockéieren. Esou den Tusk.