D‘EU hat de Wee fir dee Kredit am Abrëll fräi gemaach, dat nodeems Ungarn säi Veto nom Muechtwiessel am Land opgehuewen hat.
Zu Eriwan an der Haaptstad vun Armenien si fir de Sommet vun der Europäescher Politescher Gemeinschaft, d‘Staats- a Regierungscheffen aus 48 Länner, zesumme komm. Dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
Nieft den europäesche Länner sinn och eng ganz Rëtsch Balkanlänner a Kanada vertrueden. Et geet drëms, méi enk zesummenzeschaffen, virun allem a Saache Sécherheet.