arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolodymyr Selenskyj zu Palm Beach, Korruptiouns-Problemer zu Kiew

Ukrain

|
headphones

2 min

Wolodymyr Selenskyj zu Palm Beach, Korruptiouns-Problemer zu Kiew

Ier den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj haut um Sonndeg an d’USA reest, huet hie gëschter um Samschdeg nach emol mat sengen europäeschen Alliéierte geschwat. Hien hat iwwer Telefon Kontakt mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a mat europäesche Stats- a Regierungscheffen.

headphones

2 min

EPA/SHAWN THEW | © EPA/SHAWN THEW
Donald Trump, Wolodymyr Selenskyj (Foto: EPA/SHAWN THEW)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet haut um Sonndeg zu Palm Beach op en Neits eng Renconter mam us-amerikanesche President Donald Trump. D’Treffen ass den Owend um 21 Auer eiser Zäit. 

An där Reunioun geet et ëm de Friddensplang vun den USA, iwwer deen an de leschte Wochen nach verhandelt gouf. Sécherheetsgarantien an och e Fridden an der Ukrain si bis elo net an Aussiicht.

Sensibel Froe bleiwen ze klären

Op Chrëschtdag hat de Wolodymyr Selenskyj annoncéiert, wat an deem 20-Punkte-Friddensplang virgesinn ass. Ënner anerem sinn et Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain, mam Zil ze verhënneren, datt Russland op en Neits kann ugräifen.

Sensibel Froe bleiwen nach ze klären, notamment d’Revendicatioune vu Russland op Territoiren am Donbass, déi nëmmen zum Deel vu Russland besat goufen.

Moskau féiert Bombardementer weider

Moskau ass awer net zefridden iwwer déi lescht Entwécklungen an de Gespréicher ëm de Friddensplang.

Fir Drock ze maachen hunn d’Russen d’Ukrain an ënner anerem och d’Haaptstad Kiew massiv bombardéiert. Wéinst den Attacken op Energieproduktiounsanlage koum et zu massive Stroumpannen. Honnertdausend Stéit hate kee Stroum méi.

Den US-amerikanesche President Donald Trump huet ugekënnegt, datt hien an den nächsten Deeg och eng Renconter wäert hu mam russesche President Wladimir Putin.

Korruptiouns-Problemer an der Ukrain

An der Ukrain wërft d’anti-Korruptiounsagence e puer Deputéierten iwwerdeems vir, Suen ugeholl ze hu fir hir Zoustëmmung zu Gesetzprojeten. D’Agence hat och Perquisitiounen a Regierungsgebaier geplangt, wier awer dobäi behënnert ginn.

Dat geschitt just nom Depart vum President Wolodymyr Selenskyj an Direktioun USA.

Déi viséiert aktuell Deputéiert hätte systematesch illegal Avantagë kritt, fir an der Rada, dem Parlament zu Kiew, an eng bestëmmte Richtung ofzestëmmen.

Nom Selenskyj kënnt den Netanjahu

Een Dag nom Wolodymyr Selenskyj gëtt iwwermuer dann och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu fir eng Visitt beim Donald Trump erwaart: Dat sot en israeelesche Responsaablen der Noriichtenagence AFP.

An de Gespréicher soll et ënner anerem ëm déi zweet Phas vun der Wafferou an der Gazasträif goen. Weider Sujete bei der 5. Entrevue vun deenen zwee Politiker bannent engem Joer sollen den Iran, Syrien an de Libanon sinn.