Et goufen awer keng konkret Resultater oder Detailer duerno annoncéiert.
D'Diskussiounstheeme waren den USA no ënner anerem d‘Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain nom Krich an e Plang, fir d‘Land no bal véier Joer Krich nees wirtschaftlech opzebauen.
Den amerikaneschen Negociateur Steve Witkoff huet op X geschriwwen, datt och den Aggresseur Russland sech fir eng Friddensléisung géif asetzen.
En direkt Treffe vun der Ukrain a Russland gouf et offizielle Berichter no zu Miami net.