Washington géif och proposéieren, eng demilitariséiert Fräihandelszon am Oste vun der Ukrain ze grënnen.
Weider Froe bleiwen op
Den ukrainesche President huet awer weider Bedenken: Et géife weider Knackpunkte ginn, zum Beispill géif net a Fro kommen, d‘Kontroll vun der Regioun Donezk opzeginn, an och de Statut vun der Atomzentral Saporischschja wier nach net geléist.
Ausserdeem wéilt hien e Referendum oder eng Wal iwwer d‘Fro vun den Territoiren am Osten.
Koalitioun vun de Wëllegen huet sech kuerzfristeg gesinn
Haut um Donneschdeg war och eng Videokonferenz vun den Alliéierte vun der Ukrain, der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden war bei der kuerzfristeg aberuffener Sëtzung iwwer Video dobäi.
Putin lueft russesch Truppen
Matzen an de Verhandlunge fir een Enn vum Krich an der Ukrain sinn déi russesch Truppe weider am Donbass amarschéiert. De russesche President Putin huet haut ugekënnegt, datt déi ukrainesch Stad Siwersk am Gebitt Donezk ënner russesch Kontroll gefall wier.
De Wladimir Putin huet och déi russesch Zaldoten an d‘Dynamik, mat där si un der Front géife virréckelen, gelueft.