Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TFA-Chemikalie am Lëtzebuerger Drénkwaasser nogewisen

Nei Tester

TFA-Chemikalie am Lëtzebuerger Drénkwaasser nogewisen

Déi sougenannten Éiwegkeets-Chemikalie TFA ass och elo am Drénkwaasser zu Lëtzebuerg nogewise ginn. A 34 vu 36 Drénkwaasserprouwe vum europäesche Pestizide-Reseau gouf eng Belaaschtung festgestallt, dorënner elo eeben och am Grand-Duché.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

Responsabel fir d’TFA-Substanzen sinn déi sougenannte PFAS-Pestiziden, déi een vill an der Landwirtschaft, awer och a Killmëttel oder Ofwaassertraitementer fënnt. Den TFA ass den Ofbauproduit vun deene PFAS-Pestiziden.

Mouvement écologique gesäit kee Grond fir Panik

Bei den Tester vum europäesche Pestizide-Reseau PAN-Europe gouf elo och TFA am europäeschen Drénkwaasser fonnt.

Eng vun de 34 positive Prouwe war aus Lëtzebuerg. De Wäert louch do bei 660 Nanogramm pro Liter - domat läit Lëtzebuerg an der europäescher Moyenne.

Dat wier awer kee Grond fir ze panikéieren, erkläert de Roger Dammé vum Mouvement écologique. 

Eist Drénkwaasser wat mir hei aus dem Krunn kréien, ass immens gutt kontrolléiert. An och déi Wäerter déi mir op där zoufälleger Plaz fonnt hunn, leien am Duerchschnëtt vun Europa.”

Iwwerdeems gouf och Uewerflächewaasser getest. Do waren et 12 vun 19 Prouwen, an deenen den TFA konnt nogewise ginn. Dat och an der Prouf aus Lëtzebuerg.

Schiedlechkeet ass nach onkloer

Wéi schiedlech den Ofbauproduit vun de PFAS-Pestizide wierklech ass, dat ass nach onkloer. Et géifen net genuch Etuden dofir ginn: 

Déi, déi et gi weisen awer, datt déi Gëftegkeet vum TFA änlech ass, wéi déi vun den Ausgangssubstanzen.”

D’Haaptfuerderung vum Mouvement écologique an och vu PAN-Europe ass domat kloer: den Asaz vu PFAS-Pestizide soll op europäeschem Niveau sou séier wéi méiglech verbuede ginn. 

D‘Ëmwelt-ONG hat schonn Enn Mee, wéi déi éischt Resultater erauskomm sinn, eng Strategie vun den zoustännege Ministère gefuerdert, bis haut hätt een awer keng Äntwert op de Bréif kritt.

Aktualitéit
Gesondheet
Ëmwelt