Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Bloalgen am Stauséi bei der Rommwiss

Schwammverbuet

Éischt Bloalgen am Stauséi bei der Rommwiss

Um Stauséi dierf een op der Plage Rommwiss net méi schwamme goen. Dat wéinst enger héijer Konzentratioun vu Bloalgen, déi do festgestallt gouf. Dat deelt d‘Waasserwirtschaftsamt an engem Schreiwes mat.

auto_stories

1 min

De Kontakt mat Bloalgen ass e Gesondheetsrisiko fir Mënschen an Déieren. Deemno soll een och Hënn op där Plaz net an de Séi loossen oder aus dem Séi drénke loossen. 

D‘Waasserwirtschaftsamt preziséiert, datt een op den anere Plagen um Stauséi, an och an de Weieren zu Wäiswampech, Iechternach a Rëmerschen, weider ka schwamme goen.

De Kontakt mat Bloalgen, respektiv wann een där géif ofschlécken, kann ënner anerem Kapp- oder Bauchwéi ausléisen. Leit, déi sech nom Schwammen net wuel spieren, sollen en Dokter kontaktéieren.