Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pollen.lu elo als App disponibel

Fir Allergiker

Pollen.lu elo als App disponibel

Vun haut un ass déi nei App Pollen.lu accessibel. Op där App kann ee live suivéieren, wéi d‘Konzentratioun vun de Pollen an der Loft ass. Déi App ass vum Centre hospitalier an dem Santésministère entwéckelt ginn an ass gratis.

auto_stories

1 min

Pollen | © Chris Zeien

Am Communiqué heescht et, datt 44 Prozent vun der Populatioun hei am Land Allergien hunn, fir déi Leit kéint dës App eng grouss Hëllef sinn, well se domat hiren Traitement kënnen antizipéieren, oder de Kontakt mat Pollen evitéieren.