Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 360.000 Mënsche kéinten dëst Jorhonnert fréizäiteg un de Suitte vun der Äerderwiermung stierwen

Greenpeace Holland

360.000 Mënsche kéinten dëst Jorhonnert fréizäiteg un de Suitte vun der Äerderwiermung stierwen

Aus enger neier Etüd vu Greenpeace Holland geet ervir, datt dëst Joerhonnert eng 360.000 Mënsche fréizäiteg un de Suitte vun der globaler Erwiermung stierwe kéinten.

auto_stories

1 min

© Marek Piwnicki / Unsplash
Foto: Marek Piwnicki / Unsplash

Schold doru wieren d‘CO2-Emissiounen, déi néng europäesch Pëtrolskonzerner eleng fir d‘lescht Joer deklaréiert hunn. Domadder géingen déi grouss europäesch Pëtrolsfirmaen d‘Liewe vun de Mënschen op d‘Spill setzen. Déi néng europäesch Pëtrolsfirmaen hunn d‘lescht Joer uginn, 2,7 Milliarden Tonnen CO2 ausgestouss ze hunn.

Déi Etüd ass am Kader vun der COP28, déi zu Dubai am gaangen ass, erauskomm.