Radioen

On air

Notturno  |  Kikagaku Moyo - Dancing Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Pandemie-Accord vun der WHO soll d'Verdeelung vun Impfstoffer méi fair maachen

Léieren aus der Corona-Pandemie gezunn

Neie Pandemie-Accord vun der WHO soll d'Verdeelung vun Impfstoffer méi fair maachen

No iwwer 3 Joer laange Verhandlungen huet de Gros vun de Memberlänner vun der Weltgesondheetsorganisatioun zu Genf an der Schwäiz een Accord fonnt, wat d’Demarchë bei zukünftege Pandemien ugeet. Dëse soll elo am Mee bei der Joresversammlung vun den 194 Memberlänner guttgeheescht ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Fir de WHO-Generaldirekter Tedros Ghebreyesus stellt deen Accord eng wichteg Etapp duer fir eng méi sécher Welt. D’WHO selwer ass der Meenung, datt d’Memberlänner e grousse Schrëtt no vir gemaach hunn am Kampf géint Pandemien.

Victoire fir de Multilateralismus

Den Accord gouf kuerz virun zwou Auer hënt vun den Negociateure validéiert. Dëse soll am Mee bei der Joresversammlung vun den 194 Memberlänner guttgeheescht ginn. An den Ae vum WHO-Generaldirekter Tedros Ghebreyesus géif deen Accord beweisen, datt de Multilateralismus lieweg wier. D’Länner kéinten nach ëmmer zesumme schaffen, fir Äntwerten op Geforen ze fannen.

D’Uspillung un de Multilateralismus war och am Bezuch zu den USA ze verstoen, déi hiren Austrëtt aus der WHO ënner dem US-President Donald Trump ugekënnegt hunn.

Prett si fir zukünfteg Pandemien

Dem Prof. Dr. Markus Ollert vum “Luxembourg Institute of Health” no, sollt dësen Accord d’Welt besser op eng nächst Pandemie virbereeden, wéi dat bei Covid-19 de Fall war, betount hien am 100,7-Interview.

“Wir hatten insofern großes Glück, dass die letzte große Pandemie 100 Jahre zurück lag, aber eine nächste Pandemie in Kürze auch schon uns wieder treffen könnte. Daher ist es wichtig, dass sich weltweit hier die Nationen zusammen tun und auf ein gemeinsames Vorgehen (...) auf zukünftige Pandemien sich geeinigt haben.”

Um leschten Dag gouf vill iwwer den Transfert vun Technologien zu Gonschte vun Entwécklungslänner verhandelt. An der Corona-Pandemie waren Impfdosisse virun allem u räich Länner gaangen. Elo soll et “d’un commun accord” zu engem Technologietransfert kommen. De WHO-Generaldirekter schwätzt vun engem equilibréieren Text, dee méi Gerechtegkeet brénge géif.

Lauschterenplay_arrow