Radioen

On air

Tockcity  |  Alison Goldfrapp - I Wanna Be Loved (Just a Little Better)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WHO recommandéiert Warnungen op alkoholesche Gedrénksfläschen

Gesondheet

WHO recommandéiert Warnungen op alkoholesche Gedrénksfläschen

D’WHO recommandéiert Warnungen op alkoholesche Gedrénksfläsche fir op de Kriibsrisiko duerch Alkohol opmierksam ze maachen. Dës Mesure soll d’Bewosstsinn vun de Konsumente stäerken an d’Gesondheetsschied reduzéieren, hofft d’WHO.

auto_stories

1 min

Logo vun der WHO | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Logo vun der WHO (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Der Weltgesondheetsorganisatioun no gëtt nëmmen an Europa sou vill Alkohol konsuméiert. Dem aktuellste Rapport vun der WHO no gëtt an Europa 9,2 Liter pueren Alkohol op de Kapp gedronk. Däitlech méi wéi de weltwäite Mëttelwäert vun 5,5 Liter.