Radioen

On air

9 bis 1  |  The Smile - Don't Get Me Started

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nobelpräis an der Medezin geet un zwee amerikanesch Genregulatiounsfuerscher

Fuerschung

Nobelpräis an der Medezin geet un zwee amerikanesch Genregulatiounsfuerscher

Den Nobelpräis an der Medezin geet dëst Joer un zwee amerikanesch Genregulatiounsfuerscher. De Victor Ambros an de Gary Ruvkun ginn ausgezeechent fir hir Entdeckung an der microRNA, eng nei Klass vu mini-klengen RNA-Molekülen, déi genetesch Informatiounen iwwerdroen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf

Déi Molekülle spillen eng kruzial Roll an der Regulatioun vu Gen-Aktivitéiten. Dat huet viru Mëtteg elo de Karolinska-Institut zu Stockholm matgedeelt.

Den Nobelpräis an der Medezin huet den Optakt gemaach haut. An den nächsten Deeg ginn dann och d‘Gewënner vun de Nobelpräisser an der Physik, Chimie a Literatur annoncéiert. E Freideg gëtt dann de Friddensnobelpräis verginn.