Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Peach Pit - Every Little Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geféierlech ass den neie Virus?

Camp-Hill-Virus

Wéi geféierlech ass den neie Virus?

Camp-Hill-Virus, esou heescht een neie Virus, dee rezent an den USA bei Spëtzmais entdeckt gouf. De Virus krut grouss Opmierksamkeet an de Medien. Mee ass e wierklech esou geféierlech? Äntwerte vum Virolog vum Luxembourg Institute of Health (LIH) Claude Muller.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Symbolfoto Virus | © Bigstock play_arrow
Symbolfoto Virus (Foto: Bigstock)

Fir datt ee Virus vun enger Spezies op déi aner kann iwwergoen, also wéi zum Beispill vun enger Spëtzmaus op de Mënsch, dofir musse gewësse Krittären erfëllt sinn. Dofir misst esou eng Mutatioun, déi zoufälleg optrëtt, grad da bei enger Maus optrieden, bei där de Virus dann d'Méiglechkeet hätt, iwwer dee richtege Kontakt, op ee Mënsch iwwerzegoen. 

“Elo muss een awer soen, datt natierlech de Mënsch relativ selte mat esou Spëtzmais ze dinn huet.”

Am hypotheetesche Fall, an deem dat awer geschitt wier, da géif et bei de Viren am mënschleche Kierper zu enger Selektioun kommen. Dat heescht, déi Viren, déi sech gutt weider vermeere kënnen, déi maachen dat, an déi aner stierwen of. Fir datt dann ee Virus entsteet, deen och vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn.

“Ech géif also wierklech net dovunner schwätzen, datt eng Mutatioun optrëtt. Déi Ausso 'et kënnt eng Mutatioun', déi kann een ëmmer bei engem Virus maachen. An där Vire gëtt et ganz vill. Dat ass eng Ausso, déi ëmmer stëmmt, awer och ëmmer mat engem ganz gerénge Risiko verhaft ass.”

Keng Hiweiser, datt de Camp-Hill-Virus Mënschen infizéiert hätt

Dowéinst gesäit de Claude Muller och kee Grond elo schonn iergendwellech preventiv Moossnamen ze ergräifen. Hien ass och der Meenung, datt e Camp-Hill-Virus et virun der Covid-19-Pandemie guer net bis an d'Medie gepackt hätt.

“A wann dann elo een entdeckt gëtt an engem Echantillon, dann ass dat nach laang kee Grond, fir sech iergendwellech Suergen ze maachen. Natierlech sinn d'Leit elo méi alertéiert, an ech mengen, et ass jo och gutt, datt een Hygiènesmesuren hëlt, wa se ubruecht sinn. Mee ech mengen an dësem spezielle Fall gesinn ech net onbedéngt, datt dat ee Problem wier.

Ee gewëssent Bewosstsinn no der Covid-19-Pandemie wier gutt, seet de Claude Muller. Virun allem, datt och d'Autoritéiten d'Preuven eescht huelen, wa se opdauchen a valabel sinn. Fir awer den Ëmgang mam Alldag hätten esou Alerte fir d'Leit éischter wéineg Relevanz.  

Méi Geforen duerch de Klimawandel

Länner wéi Lëtzebuerg wiere medezinesch a vum Gesondheetssystem hier elo besser op weider Pandemië virbereet. Dat wier och néideg, well duerch de Klimawandel ginn et ëmmer méi Viren oder Parasitten, déi beim Mënsch eng Infektiounskrankheet ausléise kënnen, esou den Expert.

De Claude Muller betount, datt wann iwwer esou nei entdeckte Vire bericht gëtt, datt d'Ëmstänn dann och kloer an de Kontext sollte gesat ginn. Am Fall vum Camp-Hill-Virus wier ee wäit ewech vun enger Epidemie oder enger Pandemie.

“Ech mengen, déi Tatsaach fir ze soen, do muss just nach déi richteg Mutatioun optrieden, an da kann de Mënsch infizéiert ginn, a wann de Mënsch infizéiert gëtt, dann nach eng Mutatioun, da geet et vum Mënsch zu Mënsch, an dann si mir séier bei enger Pandemie, dat ass wierklech alarmistesch an dat ass och ongerechtfäerdegt.”

Lauschterenplay_arrow