Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syicol: 36 Propositioune fir nei Legislaturperiod

Gemengesyndikat

Syicol: 36 Propositioune fir nei Legislaturperiod

De Gemengesyndikat Syvicol huet fir déi nei Legislaturperiod Propositiounen ausgeschafft, déi elo vum neie Comité vum Syvicol ënnert d’Lupp geholl goufen. D’Finanzen, d’Pensiounen an de Statut vum élu local sti ganz uewen op der Lëscht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Comité vum Syvicol | © Carole Schimmer play_arrow
Foto: Carole Schimmer

De Congé politique soll op 40 Stonnen d’Woch fir de Schäfferot eropgoen, dëst fir Gemenge mat méi ewéi 6.000 Awunner, huet den Inneminister annoncéiert. De Statut de l’élu local muss dowéinst elo ëmgesat ginn, betount de Syvicol President Emile Eicher.

"Well mer der Meenung sinn, datt et am Ausland scho sou wäit ass, datt déi meescht sech relativ gutt sozial ofgeséchert hunn. De Minister huet jo wëlles och de Gemenge méi Congé politique ze ginn, da stellt sech d'Fro, nach ëmmer, wéi sech déi Leit iwwerhaapt herno nach eng Kéier zréck kënne fannen an op hir Aarbechtsplaz zréckgoen."

Och de Fait datt d’Buergermeeschteren haut nach a ville Situatioune penal responsabel sinn, misst och iwwerschafft ginn.

Tranchéiert Subventiounen

An der aktueller méi schlechter Finanzieller Situatioun, ënnert anerem am Bausecteur, hätte vill Gemenge Schwieregkeeten nei Projeten ze finanzéieren, do fuerdert de Gemengesyndikat, datt de Staat d’Subventiounen déi se ze gutt hunn, séier an Tranchen ausbezilt.

Weider missten d'Plaffonge vun de Subventioune fir de Bau vun Infrastrukturen ugepasst ginn.

Enkpäss an de Gemengekeesen

A punkto Pensioune vun de Gemengebeamte géif et elo een Enkpass ginn an der Gemengekeess.

"Do lafe Gespréicher mam Interieur, mee mir mussen awer och dat op d'Finanzen an och op d'Sécurité sociale, ausweiten, well de Problem do awer och ee strukturelle Problem ass an et riskéiert een, datt mer an Zukunft nach manner Fonctionnairen astellen, ewéi bis elo."

Ee weideren Defi ass d‘Rekrutéierung vun neie Beamten a virun Allem spezialiséiert Fonctionnairen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft