Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  "Er war eigentlich immer da seit dem 8. oder 9. Lebensjahr"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heescheverbuet: Politesch Positioune bleiwen onverännert

Chamberkommissioun

Heescheverbuet: Politesch Positioune bleiwen onverännert

Um Donneschdegmoien haten déi gréng an der Innen-a Justizkommissioun d‘Ministere Gloden a Margue nach eemol mam Theema Heescheverbuet konfrontéiert. De Rapport vun der Cellule scientifique vun der Chamber war jo ugangs Juni zur Conclusioun komm, datt de Stater Policereglement a Saachen Heescheverbuet warscheinlech net konform zur Verfassung ass.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D‘Diskussioune gouf et fir d‘éischt emol doriwwer, ob d‘Regierung dee Rapport, dee jo vun der Chamber kënnt, iwwerhaapt soll kommentéieren.

 

Zwou Saachen hätt een awer erkläert kritt, sou d‘Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson. Eemol hätt d‘Justizministesch Elisabeth Margue nach eng Kéier kloer gemaach, datt mat engem neien Text d‘Mendicité simple net méi ënner Strof gestallt gëtt. Dobäi ass et awer net bliwwen.

"Den Inneminister huet gesot, hie géing e Gesetz huelen, wou en dann deen Dekreet huele vun 1789, wou hie jo iwwerzeegt war, datt dat géing duer goen, datt hien do géif moderniséieren, an dann awer op engem zweete Volet géif déi Interdictioune virgesinn, déi dann d'Gemenge kéinten huelen, an do huet hien awer och expressis verbis haut gesot, datt do d'Mendicité simple net géif an d'Gesetz stoe kommen."

Den Haaptpunkt vum Experterapport wieren net déi technesch Detailer, mee eng eenzeg Fro, sou de Sven Clement vun der Piratepartei.

"De wierklechen Debat ass u sech: Ass dat Gemengereglement, wat hei geholl ginn ass, verfassungskonform? A wann net, firwat huet d'Autorité de tutelle - wat den Inneminister ass - hei net reagéiert?"

Proportionalitéit: Keng Ännerung tëschent béide Constitutiounen

Fir den Inneminister Léon Gloden stellt sech déi Fro esou awer net. D'Constitutionalitéit géing an deem Sënn nämlech net a Fro gestallt ginn.

"Et sinn zwee Punkten, déi sech bei der Constitutionalitéit froen: Éischtens vun der Form: wat fir eng Constitutioun ass applicabel par rapport zu dem Reglement vun der Stad Lëtzebuerg. Do ass d'Äntwert kloer: Et ass déi fréier Constitutioun, well et ass zu där Zäit geholl ginn."

Den zweete Punkt wier eng Fro um Fong iwwer d'Proportionalitéit, esou de Léon Gloden. Dat géing awer net tëscht deenen zwou Constitutiounen änneren.

"Déi stoung souwuel an der aler, wéi och an der aktueller Constitutioun, an dat ass de Pouvoir souverain vum Riichter, wann de Riichter saiséiert ginn ass, an do ass jo nach eng Affär um Fong unhängeg."

Eng Vue, déi och vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a vun der Justizministesch Elisabeth Margue gedeelt gouf. Déi huet och confirméiert, datt de betreffende Gesetzestext nach virun der Summervakanz wäert deponéiert ginn. 

Lauschterenplay_arrow  

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft