Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASBL Rosa Lëtzebuerg entsat iwwert nei Petitioun

LGBTQ-Theemen an der Schoul

ASBL Rosa Lëtzebuerg entsat iwwert nei Petitioun

D‘ASBL Rosa Lëtzebuerg weist sech entsat iwwert eng Petitioun, déi bannent nëmmen dräi Deeg genuch Stëmme kritt huet fir an der Chamber debattéiert ze ginn. D‘Petitioun fuerdert, datt an der Schoul keng Inhalter sollen thematiséiert ginn, déi e Bezuch zu LGBTQ-Theemen hunn.

auto_stories

1 min

Foto: Jo Diseviscourt

Dem Petitionär no sollten d’Eltere selwer kënnen entscheeden, ob hir Kanner sech an der Schoul mat där Theematik befaassen oder net.

D‘ASBL betount, datt Schoulen ee Bildungsoptrag hunn, fir iwwert d‘Gesellschaft an hir Diversitéit ze informéieren.

Rosa Lëtzebuerg verurteelt d‘Intentioun dohannert, dat queert Liewen onsiichtbar ze maachen. Dat géing dozou bäidroen, datt queer Mënsche weider mat Virurteeler an Diskriminéierung konfrontéiert wären.

Op Nofro hin huet d‘Vizepresidentin vun der Petitiounskommissioun an der Chamber, d'Corinne Cahen, confirméiert, datt d'Petitioun recevabel ass.