Radioen

On air

De Moien  |  INXS - Need You Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Schockmel: Zukünfteg Generatiounen dierfen d'Laascht net eleng droen

Méiglech Pensiounsreform

Gérard Schockmel: Zukünfteg Generatiounen dierfen d'Laascht net eleng droen

Eise Pensiounsregimm baséiert op enger wirtschaftlecher Situatioun, déi et haut net méi gëtt. An dofir wier en a senger aktueller Form op Dauer net ze finanzéieren, seet den DP-Deputéierte Gérard Schockmel. Fir hie féiert kee Wee laanscht eng strukturell Reform vum System, déi net eréischt a 40 Joer, mee direkt misst gräifen.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Wa mir elo eppes änneren, wou de Problem nach net ganz akut ass, deet et manner wéi, wéi wa misst reagéiert gi wann d’Kand am Pëtz läit: Dat war sënngeméiss d’Positioun, déi de Gérard Schockmel am 100,7-Interview vertrueden huet. 

A puer Joer kéint et "vill méi batter" ginn

Fir hie féiert kee Wee laanscht eng strukturell Reform vum System, déi net eréischt a 40 Joer, mee direkt misst gräifen. 

"Ech géif hoffen, datt d'Regierung de Courage opbréngt, dat ze maachen, wat sënnvoll ass. Wéi gesot, wa mir elo liicht un de Stellschrauwen dréinen, dann huet dat e relativ groussen Impakt an 20, 30, 40 Joer."

Wann een awer nach eng Kéier 10 oder 20 Joer waarde géing, da géing et "vill méi batter" ginn, esou den DP-Politker. "An et gëtt batter virun allem fir déi zukünfteg Generatiounen."

Bei den décke Pensioune spueren

Vun enger Erhéijung vun de Cotisatiounen oder vun der staatlecher Bedeelegung, hält de Gérard Schockmel näischt. Senger Meenung no misst éischter op der Säit vun de Leeschtungen ugesat ginn. Et misst een dem Géisskane-Prinzip en Enn setzen.

"Mir musse virun allem och fir déi suergen, mat de klenge Pensiounen, mat de mëttlere Pensiounen." 

Déi misst een héijen, esou de Gérard Schockmel. Mee wou géing een da spueren?

"Jo, bei deenen décke Pensiounen. Ech mengen, do muss iergendeng Kéier de Solidaritéitsprinzip spillen: Solidaritéit tëschent deenen, déi pensionéiert sinn, wou et jo ganz grouss Ënnerscheeder gëtt, Solidaritéit awer och tëschent deenen Aktiven, déi elo abezuelen, wou awer an a puer Joerzéngte kloer ass, datt si musse vill méi cotiséieren, fir herno eng vill méi kleng Rent ze kréien."

Et kéint net sinn, datt déi zukünfteg Generatioune ganz eleng d'Laascht missten droen, an herno déi wieren, déi missten de Fanger an de Mond stiechen, huet de Gérard Schockmel ënnerstrach.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview