Radioen

On air

De Moien  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Angel: Verbuet vun LGBTQIA+-Theemen a bulgaresche Schoulen "extrem besuergneserreegend"

Eng Reaktioun vun der EU gëtt sech erwaart

Marc Angel: Verbuet vun LGBTQIA+-Theemen a bulgaresche Schoulen "extrem besuergneserreegend"

De Verbuet vun LGBTQIA+-Theemen a bulgaresche Schoule suergt fir Reaktiounen op europäeschem Niveau. Et gëtt et Kritik um Gesetz vun den europäesche Parteien am Europaparlament. De Marc Angel schwätzt vun enger "extrem besuergneserreegender" Situatioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: European Union

D’Kommissärin fir Gläichstellung, d’Helena Dalli, huet e Bréif un de bulgaresche Minister fir Bildung geschéckt, fir weider Informatiounen iwwert dat Gesetz ze kréien – fir kennen ze préiwen op et mam EU-Recht konform ass, esou e Spriecher vun der Europäescher Kommissioun virun der Press. 

Bulgarescht Gesetz geet net grad esou wäit wéi dat Ungarescht

Wat genee d’Kommissioun maache wëll, wann dat bulgarescht Gesetz net mam europäesche Recht iwwertenee stëmmt, konnt de Spriecher net soen. Réischt no der Äntwert vum bulgaresche Minister kéint d’europäesch Kommissioun weider Schrëtt ënnerhuelen.

Méiglech ass e Virgoe wéi bei Ungarn. Déi haten 2021 e Gesetz adaptéiert, wat déi queer Theeme komplett aus der Ëffentlechkeet soll ausschléissen. Dat bulgarescht Gesetz géif net grad esou wäit goen, erkläert den Europadeputéierten a President vum europäeschen Intergroupe fir LGBTQ-Rechter, de Marc Angel. 

"Dat geet och op Medien, dat geet op Bicher, déi mussen agepak ginn, do muss e Logo drop sinn, dat geet vill méi wäit. Och d’Filmer, Publicitéite gi verbueden. A Bulgarie beschränkt et sech op de Contenu vun de Schoulen. Mee dat ass den Ufank."

Inspiréiert wuel un engem russesche Gesetz

Den Intergroupe fir LGBTQ-Rechter huet sech an engem Bréif un d’EU-Kommissärin Ursula von der Leyen geriicht a fuerdert, datt si handelt. De Bréif un de Bildungsministère wier zwar e gudden Ufank, esou de Marc Angel.

"Mee ech mengen, et muss och en Niveau méi héich goen. Et muss un d’Presidentin goen an déi muss och reagéieren. An da kënne mir eng Vertragsbruchsprozedur aleeden, well mir hunn dat jo och mat Ungarn gemaach. Do leeft jo eng Prozedur, do si jo europäesch Gelder déi Ungarn net kritt. An ech mengen, mir mussen hei ganz taff bleiwen, well soss mécht dat do Schoul."

Fir de Marc Angel ass ganz kloer, datt dat bulgarescht Gesetz géint déi europäesch Wäerter verstéisst a sech um russeschen Anti-LGBTQIA+-Gesetz inspiréiert. Datt elo mat Bulgarien dat zweet EU-Land esou e Gesetz adaptéiert, dat wier extrem besuergneserreegend, esou den Europa-Deputéierten. 

Och d’Fraktioun vun de Liberalen am Europa-Parlament huet sech op der Plattform X gëscht dozou geäussert: Déi europäesch Kommissioun misst elo aktiv ginn, an déi europäesch Valeuren ze verdeedegen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik
Politik a Gesellschaft