Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georgien: Ëmstriddent "Russland Gesetz" gouf ugeholl

Protester op der Strooss

Georgien: Ëmstriddent "Russland Gesetz" gouf ugeholl

A Georgie goufen et weider Protester géint dat ëmstriddent Gesetz, mat deem d‘Regierung den Afloss aus dem Ausland wëll limitéieren. D‘Gesetz gouf gëschter um Dënschdeg am Parlament zu Tiflis ugeholl.

auto_stories

1 min

Georgien Protest | © Tom Nuttall / X
Dausende Leit sinn aus Protest géint dat neit Gesetz zu Tiflis op d'Strooss gaangen. (Foto: Tom Nuttall / X)

D'Gesetz gesäit ënner anerem vir, datt Medien an ONGe méi streng kontrolléiert ginn. Kritiker fäerten, datt domat - änlech wéi a Russland - Kritik an Oppositioun kéint ënnerdréckt ginn.

Dobäi kënnt, datt et den EU-Bäitrëttsprozess vu Georgien a Gefor kéint bréngen.

D‘EU an d‘USA hunn d‘Gesetz kritiséiert. Den US-Ausseministère huet d‘Regierung zu Tiflis opgeruff, et nees réckgängeg ze maachen. Déi georgesch Presidentin Salome Surabischwili huet ugedeit, datt si hire Veto géint d‘Gesetz wäert aleeën. D‘Regierungspartei „Georgeschen Dram“ huet awer eng staark genuch Majoritéit, fir e Veto ze iwwerstëmmen.