Radioen

On air

Notturno  |  Adrian Crowley - Northbound Stowaway

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opnam vu Refugiéen: “Mir stoussen un eis Limitten,” esou de Jean Asselborn

Den Ausseminister am Interview

Opnam vu Refugiéen: “Mir stoussen un eis Limitten,” esou de Jean Asselborn

Den Aussen- an Immigratiounsminister warnt, Lëtzebuerg géif u seng Grenze stoussen wat den Accueil vu Flüchtlingen ugeet: “Mir hu just nach eng honnert Better,” esou Jean Asselborn de Moien hei op der Antenn.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

Et géifen am Moment awer deelweis 40 bis 50 Asyldemandeure pro Dag hei am Land ukommen. Dofir misst ee sech d’Fro stellen, op een d’Opnam vun neie Flüchtlinge méi streng reglementéiert.

“Mir mussen elo eng Decisioun huelen. Déi ass eigentlech ganz einfach: Fuere mir weider bis et guer net méi geet, oder setze mir elo en Zeechen? Datt mir zum Beispill, Leit déi schonn an engem anere Land waren, a Männer, déi eleng ënnerwee sinn, datt mir déi net méi kënnen ophuelen, wéi dat och an der Belsch geschitt ass.”

Eng Optioun wier, datt een eng Prioritéitelëscht opstellt, an zum Beispill just nach Famille mat Kanner an de Flüchtlingsstrukturen ophëlt. Deenen anere misst een da soen: Et deet eis Leed, mir si voll.

Dublin-Fäll huelen zou

Dëst Joer sinn am ganze bal 2.000 Refugiéen zu Lëtzebuerg ukomm. Déi meescht kommen aus Syrien. Hei sinn der iwwer 600 ukomm. Bal 300 kommen aus Eritrea a ronn 100 aus Afghanistan. Dës Zuelen huet den Ausseminister Jean Asselborn duerno virun der Press presentéiert. Virun allem déi sougenannt Dublin-Fäll hunn enorm zougeholl: dat heescht déi Migranten, déi am Fong an deem Land hätte misse bleiwen, an deem si hir Asyldemande gestallt hunn. An der Europäescher Unioun géif et hei nach ëmmer enger koherenter Gesetzgebung feelen.

Am ganze Land ginn et den Ament iwwer 7.000 Better an de Strukture vum ONA. Dës sollen elo ausgebaut ginn.

Mir hunn elo nach déi Nout-Halen zu Miersch, déi mir eigentlech wollten zoumaachen, dat sinn 209 Better. Mir hunn och Containere gesat an de Centres de Primo Acceuil op der Areler Strooss zu Lëtzebuerg, dat sinn 78 Better. Mir kënnen eventuell, wann d’Gemengen eis do hëllefen an ech sinn iwwerzeegt, datt si eis hëllefen, 100 Better nach bäisetzen zu Iechternach an zu Jonglënster. Mir sinn do am Gespréich. Mir kënnen den Don Bosco net zoumaachen. Mir bricoléieren elo do, datt Heizung do ass an et eenegermoossen anstänneg ass. Op jidde Fall elo provisoresch bis de Wanter kënne mir net zoumaachen, well do hu mir keng aner Méiglechkeet, do hunn d’Leit wéinstens een Dag iwwer dem Kapp. An dann hu mir d’Hal 7 elo vum 1. Dezember un, wann et extrem kal gëtt, datt mir déi Leit aus dem Tony Rollmann wéi d’lescht Joer transferéieren an déi Haal 7.” 

Den Ausseminister wëll elo ausserdeem ee Prioritéitssystem aféieren, no deem d’Demandë vu Famillen a vulnérabelen Persoune virgezu ginn. Elengreesend Männer, déi hir Demande schonn an engem anere Land lafen hunn, ginn op eng Waardelëscht gesat. 

"Dorunner bleift Lëtzebuerg net hänken, wat ech elo maachen”

Spéitstens an e puer Woche wäert hien säin Amt un en Nofollger aus der neier Regierung ofginn. Mee wat mécht de laangjäregen Ausseminister duerno? Hie géing op alle Fall d'Daimercher halen, datt alles gutt iwwer d'Bün geet, esou den Nach-Ausseminister. 

De Jean-Asselborn gouf bei de Chamberwalen och an d'Chamber gewielt. Wëll hien dëst Mandat dann och unhuelen?

“Loosst mir dofir Zäit bis déi nei Regierung steet. Dat hunn ech schonn zwee Mol gesot. An dann decidéieren ech dat."

De Jean Asselborn hätt sech nach keng "definitiv Gedanken" doriwwer gemaach, wat hien elo wëlles huet. "Dorunner bleift Lëtzebuerg net hänken, wat ech elo maachen.”, esou den LSAP-Politiker.

Lauschtert den Interview mam Jean Asselbornplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Politik
Politik a Gesellschaft