Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: EU ass net Schold drun, datt Ungarn isoléiert ass

EU-UNGARN

Xavier Bettel: EU ass net Schold drun, datt Ungarn isoléiert ass

Den Ausseminister Xavier Bettel widdersprécht dem Premier a senger Ausso iwwert d’Relatiounen tëscht Ungarn an der EU am Magazine Politico. De Luc Frieden seet sengersäits, hie wier falsch zitéiert ginn.

auto_stories

4 min

© Alexandros Michailidis
De Xavier Bettel haut um Méindeg zu Bréissel. (Foto: European Union)

Wéi soll d’Europäesch Unioun mat Ungarn ëmgoen? Doriwwer gëtt sech am Virfeld vum EU-Sommet en Donneschdeg de Kapp zerbrach. Ungarn stäipt sech dogéint, datt d’EU der Ukrain weider finanziell Hëllef zur Verfügung stellt. Um EU-Sommet steet eng Diskussioun iwwert den EU-Budget, dee weider Fonge fir d’Urainer virgesäit um Ordre du jour.

D’EU wier selwer och mat Schold, datt Ungarn esou isoléiert ass, sou gouf de Premier Luc Frieden virun zwou Wochen an engem Artikel vu Politico zitéiert.

Bettel: Net einfach der EU d’Schold ginn

Den Ausseminister Xavier Bettel gesäit dat anescht. Hien hätt zéng Joer mam Viktor Orbán zesummegeschafft, an deen hätt do duerchaus seng Responsabilitéit. Dat sot de Xavier Bettel e Méindeg um Bord vun enger Conseils-Sitzung zu Bréissel:

“Et soll een net ëmmer der Europäescher Unioun d'Schold, ginn. Ech kennen Här Orbán gutt genuch, fir ze wëssen, datt et hei net faute partagée ass. Et ass ze einfach, fir fir alles der EU d'Schold ze ginn. Ech géif dat net soen. Wa mir all Kéiers mussen d'Aen zoumaachen, wann ee sech net un d'Reegelen hält, dann hu mir vläicht à court terme eng Léisung, awer à moyen terme ee Problem. An dat ass eeben elo, wat mir hunn.”

Frieden: Dialog mat Ungarn sichen

De Luc Frieden huet sech iwwerdeems de Moien an der Chamber mat de Membere vun der aussepolitescher Kommissioun iwwert de Spezial-Sommet ënnerhalen.

Hie wier vu Politico falsch zitéiert ginn, sot hien dono.

“Ech hu gesot: all Kéiers, wann ee Land ee Problem huet, dat muss ee mat deem Land schwätzen. Et hëlleft näischt, wann een ee Land isoléiert. Et ass besser, et schwätzt ee mateneen.”

Politico hat och geschriwwen, de Premier hätt Wëlles, an den nächste Méint an Ungarn ze fueren, fir déi ungaresch Positioun besser ze verstoen.

Esou eng Rees wier bis elo net geplangt, sot de Moien de Luc Frieden. Et sollt een awer am Dialog bleiwen - “och wann een net mam Orbán d’accord ass, well ech sinn dat net”.

EU-Offensiv geplangt?

De Sommet en Donneschdeg géing ee schwierege ginn, sou de Luc Frieden

Der Financial Times vun haut no gëtt et Pläng, fir de Spiiss ëmzedréinen. D’EU kéint Ungarn domat dreeën, datt keng weider EU-Fongen op Budapest fléissen, sou laang d’Land u sengem Blockage festhëlt, schreift d’FT um Méindeg. Op deem Wee kéint een dofir suergen, datt Investisseuren ofgeschreckt ginn an doduerch d’Gefor besteet, datt déi ungaresch Ekonomie weider geschwächt gëtt.

De Luc Frieden seet, hien hätt keng Informatiounen iwwer esou ee Plang. E wier de Staats- a Regierungscheffen net iwwermëttelt ginn.

“Ech mengen, datt dat reflektéiert, datt eng ganz Rei Leit nodenken, wéi een elo ka weider virgoen. Esou ee Plang besteet menges Wëssens no net, op jiddwer Fall hunn ech en net kritt.”

Et wier traureg, wann d’Äntwert op Erpressung eng weider Erpressung wier, sot dozou de Xavier Bettel. D’Léisung um leschten EU-Sommet, datt de Viktor Orbán aus dem Sall gaangen ass, an hien esou deemools säi Veto zeréckgezunn huet, dierft “kee Précédent sinn”.

Lëtzebuerg wier dofir, zesumme mat Ungarn eng Léisung ze fannen, sou och nach de Luc Frieden. Et misst een elo kucken, fir Ungarn awer nach ze iwwerzeegen, fir dem EU-Budget zouzestëmmen.   


De ganzen Interview mam Xavier Bettel fann Dir hei.

Aktualitéit
Europa
Politik
Politik a Gesellschaft