Radioen

On air

Tockcity  |  Eyedress - Skater Dater Feat. Bb Trickz & Elvia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UEL an CSL gesi sech als Haaptuspriechpartner bei der Debatt iwwert de Pensiounssystem

Patronat a Salariat

UEL an CSL gesi sech als Haaptuspriechpartner bei der Debatt iwwert de Pensiounssystem

D’Patronat an d’Salariat si sech gëscht am Wirtschafts- a Sozialrot zwar net iwwert e gemeinsamen Avis iwwert de Pensiounssystem eens ginn. Si gesi sech awer als Haaptuspriechpartner vun der Regierung an der Debatt, déi am Hierscht ufänke soll. Dat soen de Patronatsdaachverband UEL an d’Salariatskammer CSL am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Pensioun | © Bigstock
Foto: Bigstock

D’CSV-DP-Regierung huet jo eng breet Debatt mat ville méiglechen Acteuren iwwer d’Finanzéierung vun de Pensiounen annoncéiert. Am Wirtschafts- a Sozialrot hunn d’Vertrieder vum Salariat a vum Patronat awer de Mëttwoch misse getrennten Avisen unhuelen, well et ze grouss Divergenze gouf.

UEL: Vun der Politik ginn Annoncen erwaart

Den UEL-Direkter Marc Wagener hofft, datt d’Regierung nach an dëser Legislaturperiod handelt, well et wier kloer, datt d’Finanzéierung vum Pensiounssystem net méi garantéiert wier.

"Mir erwaarden eis schonn, datt d’Politik annoncéiert, wat soll geschéien an nach e Projet de loi an dëser Legislatur soll deposéiert ginn. Et leie ganz vill interessant Iddie fir Mesuren um Dësch, déi ee kann ëmsetzen."

D'Ausso vum Marc Wagener

CSL: Renten dierfen net reduzéiert ginn

Den CSL-Direkter Sylvain Hoffmann gesäit keng Urgence fir ze handelen. Wann déi lafend Ausgabe bis eng Kéier méi héich si wéi déi lafend Recetten, kéint ee jo nach op d’Rentereserven zeréckgräifen.

"Dat ass am Moment nach net d’Theema, da muss een ebe kucken op der Säit vun de Recettë Mesuren ze huelen a mir hu jo nach déi 27 Milliarde Recetten op der Säit. Do kann een an enger Iwwergangsphas locker nach eng Mindestrent-Erhéijung doriwwer finanzéieren."

D'Ausso vum Sylvain Hoffmann

D’Salariatsvertrieder sinn also der Meenung, datt d’Renten net dierfe reduzéiert ginn, an datt héchstens soll no zousätzleche Recette gesicht ginn. D’Patronat ass do dogéint a fuerdert Reduktioune bei de Renten.

Déi staatlech Verwaltung IGSS huet rezent ausgerechent, datt d’Rentereserven an 20 bis 25 Joer wäerten opgebraucht sinn.

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft