Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Solidaritéit mat den Heescherten" kritiséiert dem Léon Gloden säi verschäerfte Platzverweis

Agrëff an déi perséinlech Fräiheet

"Solidaritéit mat den Heescherten" kritiséiert dem Léon Gloden säi verschäerfte Platzverweis

De “Platzverweis renforcé” wier eng nei Attack géint déi Aarm an d’Sans-Abrien, kritiséiert de President vun der Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten", Guy Foetz. Et géing een an d'Fräiheet vun de betraffene Leit agräifen.

auto_stories

1 min

© Michelle Barthel
Zeene wéi déi hei kéinte mam neie Platzverweis méi dacks virkommen. (Foto: Michelle Barthel)

D'Ministeren haten d’lescht Woch hiren Accord fir de verschäerfte Platzverweis ginn, dee vum Inneminister Gloden virgestallt gouf.

Mam verschäerfte Platzverweis soll d‘Police net méi just aktiv kënne gi bei Leit déi eng Entrée blockéieren, mee och bei Leit, déi den Trafic stéieren oder aner Leit belästegen.

Guy Foetz: Regierung soll Projet zeréckzéien

Alles géing drop hindeiten, datt de Gesetzesprojet vum zoustännege Minister just eng nei Tentative wier, fir déi Aarm an déi ouni Daach iwwer dem Kapp aus der Stad erauszekréien, fënnt de Guy Foetz. Wann de verschäerfte Platzverweis géing gestëmmt ginn, da wier dat ee graven Agrëff an d’Fräiheete vun de betraffene Persounen, déi an deem Fall eventuell géingen dru gehënnert ginn, bei den Dokter ze goen, den ëffentlechen Transport ze huelen oder bei d’Stëmm vun der Strooss ze goen.

D’Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten” leent de Gesetzesprojet strikt of a fuerdert vun der Regierung dësen zeréckzezéien.