Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  David Byrne & Brian Eno - Strange Overtones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun 2025 un: Montant fir d’Allocation de vie chère an Energieprimm ginn erhéicht

Käschte vu ronn 100 Milliounen euro

Vun 2025 un: Montant fir d’Allocation de vie chère an Energieprimm ginn erhéicht

Vum nächste Joer u gëtt de Montant fir d’Allocation de vie chère par rapport zu dësem Joer ëm 10 Prozent gehéicht. Dat huet Familljeminister Max Hahn haut um Freideg ugekënnegt. Wéi am Regierungsaccord virgesi kënnt et och bei der Energie-Primm zu Ännerungen.

auto_stories

3 min

Foto: Jo Diseviscourt

Et wier kloer, datt vill Sozialleeschtungen hei am Land net genotzt ginn, well se net bekannt, oder d’Prozeduren ze komplizéiert sinn, huet de Max Hahn rappeléiert.

Virausgefëllte Formulairer

Ee Véirel vun de Revis-Bezéier hätten deemno zejoert keng Allocation de vie chère ugefrot. Dat soll sech deemnächst änneren.

“Ab dem nächste Joer wäerte mir dem Revis-Bezéier automatesch d’Allocation de vie chère ausbezuelen. Dat heescht, déi brauche keng Demande méi ze maachen.”

Iwwerdeems sollen och déi Leit, déi am Virjoer schonn d’Allocation de vie chère bezunn hunn, am nächste Joer e virausgefëllte Formular Heem geschéckt kréien, fir esou deen administrative Prozess ze vereinfachen.

Käschte fir de Staat vu ronn 100 Milliounen Euro

Den Delai fir d’Demande fir d’Allocation de vie chère eranzereeche wäert och verlängert ginn. Dat vum 31. Oktober op den 31. Dezember.

Doriwwer eraus wäert d’Energie-Primm fir vulnerabel Persounen, déi aktuell jee no Verdéngscht tëscht 200 a 400 Euro läit, d’nächst Joer verdräifacht ginn. An et wäerten och méi Leit fir d’Primm eligibel ginn.

“Haut ass et esou, datt wann een d’Allocation de vie chère kritt, kritt een automatesch och d’Energie-Primm. An doriwwer eraus kann een nach 25 Prozent méi verdéngen, wéi de Plafond, deen ee muss anhale fir d’Allocation de vie chère ze bezéien, an da kann een nach ëmmer d’Energie-Primm kréien.”

De Familljeministère rechent domat, datt d’Erhéijung vun der Allocation de vie chère an der Energie-Primm eng 100 Milliounen Euro wäerte kaschten.    

De Familljeministère rechent domat, datt  d’Erhéijung vun der  Allocation de vie chère an der Energie-Primm eng 100 Milliounen Euro wäerte kaschten.   

E konkret Beispill

Fir e Stot vun zwou Persoune mat engem maximale Bruttoakommes vu 4.065 Euro wäert d’Allocation de vie chère da vun 2.065 Euro op 2.272 Euro erhéicht ginn. An d’Energie-Primm wäert an deem Fall vun 250 Euro op 750 Euro klammen. Béid Hëllefen zesummegerechent wier dat also e Plus vu 707 Euro am Verglach zu 2024. Fir e Stot vu véier Persoune kéint et e Plus vu bis zu 991 Euro ginn. 

D'Allocation de vie chère an d'Energie-Primm si sozial Prestatioune fir Residenten, onofhängeg vun hirer Nationalitéit. Bis ewell huet ee fir se kënnen unzefroe missen zënter engem Joer zu Lëtzebuerg wunnen. Fir d’nächst Joer wäert d’Durée de résidence op dräi Méint erofgesat ginn.

Revis-Bezéier kréien d'Allocatioun an Zukunft automatesch ausbezuelt

Iwwerdeems sollen d’Prozedure vereinfacht ginn, erkläert de Max Hahn. Vu 10.000 Revis-Bezéier-Stéit hätt ronn ee Véierel d‘allocation de vie chère net ugefrot.

“Dat heescht do ass ee bei ëm 2.500 Stéit - an da wësst dir, datt bei Stéit jo nach vill méi Persounen drunhänken. An ab dem nächste Joer wäerte mir dem Revis-Bezéier automatesch d’allocation de vie chère ausbezuelen.”

De Famillje-Ministère rechent domat, datt d’Erhéijung vun der Allocation de vie chère an der Energieprimm eng 100 Milliounen Euro wäerte kaschten.

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft