Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx, robyn - Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth schléisst automatesch Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun net aus

"Entlaaschtungspak"

Gilles Roth schléisst automatesch Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun net aus

De Finanzminister schléisst net aus, fréier oder spéider nees op de fréiere System vun enger quasi automatescher Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun zeréck ze kommen. "Vläicht ass d'Schicksal dat, datt deen, deen et fréier als Deputéierten ofgeschaaft huet, et nees aféiert", sot de Gilles Roth am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

Gilles Roth | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

 

Deen Automatismus, deen et bis 2012 gouf, huet net bei all eenzelner Indextranche direkt gespillt, well dat technesch och schwéier gewiescht wier. Mee eng Beréngegung gouf ëmmer da gemaach, wa 5 Prozent Inflatioun - also zwou Indextranchen - opgelaf waren.

Finanzminister rechent mat "Boost" vun de Steierrecetten

Méi Kafkraaft fir d’Leit géif méi Konsum a méi Wuesstem bedeiten: D’Regierung gleeft drun, mat där Formel hire méi wéi 500-Millioune-Euro-schwéieren Entlaaschtungspak géigefinanzéiert ze kréien. Dat wier keng Wett mat ongewëssem Ausgang, mee e Plang, sot de Finanzminister Gilles Roth.

An där selwechter Optik wier och d’Erofsetze vun der Kierperschaftssteier fir Betriber kee Risiko.

"Historesch gesinn ass et sou, datt all kéiers, wa mir de Steiersaz op de Betriber no ënne gefuer sinn - dat bewäert sech iwwert déi lescht 30, 40 Joer - Dann huet dat déi Joren dono meeschtens zu engem Boost vun de Steierrecettë gefouert, well d'Leit gesot hunn: 'Voilà, et ass lo de Punkt fir verstäerkt op Lëtzebuerg ze sëtzen, fir verstäerkt zu Lëtzebuerg ze investéieren'."

Gilles Roth: De Leit "net onbedéngt" eppes ewech huelen

D’nächst Joer wëll de Finanzminister éischt Pisten op den Dësch leeën, wéi eng Reform vum Steiersystem – mat Individualiséierung a just nach enger Steierklass – kéint ausgesinn. Dat huet de Gilles Roth de Mëttwoch bei der Presentatioun vum “Entlaaschtungspak” confirméiert.

2026 sollt déi Reform dann an Texter gegoss sinn an op den Instanzewee goen. An natierlech wier et säin Zil fir dofir ze suergen, datt dono kee méi schlecht ewech kënnt, wéi virdrun.

"Sou eng ongeschriwwe Reegel ass déi: Kuck, datt s de de Leit heiansdo eppes net bäigëss, mee huel hinnen net onbedéngt eppes wech. Ech mengen, dat sinn déi grouss Leitplanken, déi eis guidéieren."

De Finanzminister ass zouversiichtlech, datt een "deen een oder anere Modell" elaboréiere kann, deen och konsensfäeg wier. Sou kéint een de Projet vun der Individualbesteierung "unter Dach und Fach bréngen", esou den CSV-Minister.

Mee d’Prämiss wier natierlech schonn déi Follgend: Wa scho Leit musse méi schlecht ewechkommen, datt hir Zuel sech wéinstens op e Minimum reduzéiert. Op een dat esou soe kéint, war et d'Fro un de Gilles Roth. "Dat ass eng politesch Equatioun, déi mir och net ganz friem ass", war et d'Äntwert vum fréiere Mamer Buergermeeschter.

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft