Den Deputéierten a Partner bei der Berodungsentreprise “Clement & Weyer” wonnert sech iwwer d’Héicht vun der Zomm, déi den Europäesche Parquet wéinst der Affär ronderëm d’Sprochenapp MALT Enn Abrëll bei der Piratepartei saiséiere gelooss huet.
De Sven Clement a seng Entreprise sinn an dëser Affär ugeklot, grad wéi seng Partei an hire fréieren Tresorier. Am Kontext vun der Entwécklung vun enger Sproochenapp goufen et finanziell Onreegelméissegkeeten.
"Keen Impakt op d’Piratepartei"
Dëse Projet MALT war zu 45 Prozent vun der EU mat finanzéiert ginn. Dowéinst hat den Europäesche Parquet am Oktober 2024 d’Enquête iwwerholl, an en huet elo also Sue vun der Piratepartei beschlagname gelooss.
“Si goufen op alle Konten, déi d’Partei bei der Spuerkeess huet, der Rei no ofgezunn, sou datt d’Spuerkeess eng Ordonnance krut fir ee Montant ze blockéieren an net vu wéi engem spezifesche Kont si déi sollten huelen.”
Beschlagnaamt goufen tëschent 20.000 a 25.000 Euro, hat RTL ee Freideg gemellt. D’Saisie hätt op den éischte Bléck keen direkten Impakt fir d’Piratepartei, esou am 100,7-Interview de Sven Clement.
“D’Paie kënne bezuelt ginn. Eis Aarbecht leeft normal weider.”
ONA fuerdert 92.000 Euro
De Sven Clement schwätzt vun enger “ganz normaler Prozedur”, wann et ëm méi héich Montante geet.
“Wat interessant ass, ass datt mir hei vun engem substantiell méi niddrege Montant schwätzen, wéi dat wat am Ufank vun der Affär jo och an der Press genannt gouf.”
Well bei der Entwécklung vun der Sproochenapp MALT Leeschtungen net erbruecht gi wieren, fuerdert den ONA (Office national d’accueil) iwwer 92.000 Euro, war nach Enn vum leschte Joer ze liesen.
“Wann déi Fuerderunge sech bis konkretiséieren, an och noweisbar sinn – do ginn et jo nach ëmmer Differenzen, wat wierklech opsteet. An ech mengen, datt och do zënter datt d’Enquête leeft, keng weider Schrëtt ënnerholl goufen. Et muss ee jo elo do ofwaarden, wat d’Enquête ergëtt a wéi vill dann – wann iwwerhaapt – geschellt sinn.”
Sven Clement: "Mir kooperéieren"
Hie wier an dëser Affär de leschten Hierscht bis elo eng Kéier vun der Lëtzebuerger PJ gehéiert ginn, esou de Sven Clement.
“Mir kooperéieren. Ech kann och kloer stellen, datt et zum Beispill keng Saisie op de Konte vu “Clement & Weyer” oder vu mir selwer gouf.”
Wéinst der MALT-Affär an hire Konsequenzen haten eng Rei gewielte Vertrieder d’Piratepartei verlooss, dorënner den Deputéierte Ben Polidori.
Ëm d’Saisie op de Konte vun der Piratepartei soll et en Dënschdeg – grad ewéi schonn Ufank Mee – nach eng Kéier an der Sëtzung vun der Parteileedung goen: De Sven Clement wëllt bei der Sëtzung d’nächst Woch dobäi sinn.
Och wann d’Aktioun vum Europäesche Parquet “ee Schock” wier, géif d’Partei souwuel politesch wéi och finanziell handlungsfäeg bleiwen, huet och de Conseiller politique vun der Piratepartei Tommy Klein eis op Nofro hi matgedeelt.