Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südafrikanesche President Cyril Ramaphosa trëtt seng zweeten Amtszäit un

International

Südafrikanesche President Cyril Ramaphosa trëtt seng zweeten Amtszäit un

A Südafrika gouf de Cyril Ramaphosa als President zeréck gewielt. D‘Deputéiert vun der Nationalversammlung zu Kapstadt hunn den 71 Joer ale Politiker mat enger Majoritéit gewielt.

auto_stories

1 min

Cyril Ramaphosa | © picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Virdru ware sech den afrikaneschen Nationalkongress ANC an déi liberal demokratesch Allianz, déi bis elo an der Oppositioun war, eens ginn, fir eng nei Regierung mat och nach anere Parteien ze forméieren.

Den ANC, deen 1994 mam Nelson Mandela un d‘Muecht komm war, hat bei de Walen Enn Mee fir d‘éischte Kéier seng absolut Majoritéit verluer.