Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron: Unerkennung vun engem palästinensesche Staat just eng Fro vun der Zäit

Tëleesinterview

Macron: Unerkennung vun engem palästinensesche Staat just eng Fro vun der Zäit

Nodeems gëschter an der Normandie den 80. Joresdag vum D-Day gefeiert gouf, kënnt de franséische President Emmanuel Macron haut mat sengem ukraineschen Homolog Wolodymyr Selenskyj zesumme fir weider Ënnerstëtzung ze finaliséieren. Gëschter Owend scho war de Macron Invité op TF1 a France 2 an huet sech zur aktueller internationaler Lag erkläert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Flashpic | Jens Krick

Ukrain, Gaza an d’Europawalen e Sonndeg: Den Emmanuel Macron huet sech gëschter Owend am Interview zu all dëse Sujete positionéiert. Haut wëllt hie mam Selenskyj eng néi Phas vun der Kooperatioun tëschent béide Länner virstellen.

Frankräich wëllt der Ukrain déi franséisch Mirage-Kampffligere liwweren an doriwwer eraus Piloten an och Zaldoten a Frankräich ausbilden. Och eng Ausbildung an der Ukrain wier net ausgeschloss. Ausserdeem soll et de Startschoss vun enger gréisserer Koalitioun sinn, esou de Macron. Wéini d'Fligere geliwwert ginn ass net gewosst.

De Macron huet nach erkläert et wier legitim, datt d’Ukrain militäresch Ziler op russeschem Bueden attackéiert fir sech ze verdeedegen.

Onfaire Virdeel am Europawalkampf?

Mat Bléck op Gaza sot de President, eng Unerkennung vun engem palästinensesche Staat wier just eng Fro vun der Zäit. Frankräich géing dëst ënnerhuelen, mee fir d’éischt misst Rou an Uerdnung akéieren.

Mat Bléck op d’Europawal e Sonndeg sot de Macron, et wier seng Roll ze intervenéieren a virun de Rietspopulisten ze warnen, déi Europa blockéiere wéilten.

D’Oppositiounsparteien hate schonn am Virfeld dem Macron virgehäit säin Interview als Walkampfmanöver ze benotzen, an domadder senger Partei een onfairen Avantage bei de gereegelte Sendezäiten ze verschafen. 

Lauschterenplay_arrow