Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: "E Krich op en Enn ze brénge verlaangt Gréisst"

Virun der UN-Vollversammlung

Xavier Bettel: "E Krich op en Enn ze brénge verlaangt Gréisst"

Et ginn aktuell 60 Konflikter uechtert d‘Welt, 50 weiderer kéinten derbäi kommen. Et si ganz vill Regiounen an der Welt betraff, an d‘Populatioun leit enorm. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel gëschter Mëtteg bei der UN-Vollversammlung zu New York.

auto_stories

1 min

© United Nations
Foto: United Nations

Hien huet hei och de Krich an der Ukrain ugeschwat an en Appell gemaach, endlech mateneen ze schwätzen.

"Commencer la guerre est facile. Terminer la guerre est ce qui demande de la grandeur. Et on peut faire des conférences de paix, on en organise, mais sans la présence de la Russie ni la présence de la Chine. Croyez-moi que ce sont des moments de soutien moral à l'Ukraine. Mais si on veut trouver une solution, on doit trouver un moment où on ait tous les partenaires autour de la table pour pouvoir trouver une solution pérenne aussi pour l'Ukraine."

De Xavier Bettel huet der Ukrain déi Lëtzebuerger Solidaritéit op en Neits zougeséchert.

De Xavier Bettel huet och déi Lëtzebuerger Positioun verteidegt, fir Palästina aktuell net als onofhängegen Staat unzeerkennen. Dat wier den Ament nëmme Symbolik. Hie wier awer fir eng Unerkennung, déi e wierklechen Ënnerscheed mécht.

De Lëtzebuerger Diplomatiechef huet nach emol ënnerstrach, datt Lëtzebuerg an deem Konflikt fir eng Zwee-Staate-Léisung ass.