Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Billie Eilish - Birds Of A Feather

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Konflikter am neie lénks-grénge Bündnis

Franséich Politik

Éischt Konflikter am neie lénks-grénge Bündnis

A Frankräich hat sech leschten Donneschdeg déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire forméiert. Elo ginn et awer schonn déi éischt schwéier Konflikter am néie Bündnis, an dat trotz engem prominenten Neizougang.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles

D’Harmonie am néie Bündnis Nouveau Front Populaire war just vu kuerzer Dauer. D’Lénkspartei La France Insoumise huet hier 230 Kandidaten a Kandidatinne fir Legislativwale presentéiert, wou awer verschidde prominent Nimm ewéi den Alexis Corbière, d’Raquel Garrido oder d’Danielle Simonnet feelen.

Si hate sech kritesch iwwer de Parteigrënner Jean-Luc Mélenchon geäussert an et deit villes dorop hin, datt dat de Grond ass, firwat si net op der Lëscht stinn.

"Eng Farce"

Par contre, den Adrien Quatennens, dee wéinst haislecher Gewalt condamnéiert gouf, gëtt mat an d’Wal geholl. D’Bündnispartner si schockéiert. 

De Sozialistechef Olivier Faure huet vun engem skandaléisen Ausschloss geschwat an enger irresponsabeler Decisioun geschwat, déi den Image vum néie Bündnis beschmotzt. Eng Farce, sot de Kommunistechef François Ruffin, dee La France Insoumise virgehäit huet, d’Allianz ze schiedegen.

Um Nouveau Front Populaire wëll een awer festhalen.

Maniffe géint den RN

Haut koum och d’Nouvelle, dat den eemolege President François Hollande fir dëse mat an d’Wal wëll goen.

Iwwerdeems sinn de Weekend eng 200 Maniffen uechtert d’Land, déi vun de Gewerkschaften an dem Nouveau Front Populaire initiéiert goufen, fir géint d’Extrême-Droite ze protestéieren. Zu Paräis op der Manif sinn de Gewerkschaften no 250.000 Léit an de Stroossen.

Max Tholl - Paräis

Lauschterenplay_arrow