Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Ciotti bleift President vu Les Républicains

Frankräich

Eric Ciotti bleift President vu Les Républicains

"D‘Justiz huet geschwat, ech si President vu Les Républicains." Dat sot den Eric Ciotti gëschter Owend. Virdrun hat d‘Geriicht seng Expulsioun aus der Partei als invalid erkläert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Quentin Veuillet
Foto: picture alliance / NurPhoto | Quentin Veuillet

Fir de konservative Politiker wier d‘Decisioun eng Evidenz gewiescht.

De Parteichef war ausgeschloss ginn, well hien eng Walallianz mat de Rietsextremiste vum Rassemblement National wollt agoen. Zwee Gremien hate seng Exklusioun confirméiert.