Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riets-konservativ Les Républicains striewen eng Allianz mam Marine Le Pen un

Frankräich

Riets-konservativ Les Républicains striewen eng Allianz mam Marine Le Pen un

De Parteichef vun der riets-konservativer Partei Les Républicains, den Eric Ciotti, huet am Kader vun den Neiwalen a Frankräich den 30. Juni gesot, datt seng Partei eng Allianz mam Rassemblement National bräicht. Hie sot dat, obwuel een Deel vun der Parteileedung esou eng Allianz verwërft.

auto_stories

1 min

Eric Ciotti | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Den Eric Ciotti hätt scho Gespréicher mat der Marine Le Pen an dem Jordan Bardella gehat.

No der historescher Victoire vum franséische Rassemblement National bei der Europawal virun zwee Deeg hat de President Emmanuel Macron als Konsequenz d‘Assemblée nationale opgeléist an Neiwale fir den 30. Juni an de 7. Juli annoncéiert.

D‘Marine Le Pen vum Rassemblement National begréisst dee „couragéise Choix“ vum Eric Ciotti.