Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain eventuell oppe fir Gespréicher mat Russland

Ukraineschen Ausseminister zu Peking

Ukrain eventuell oppe fir Gespréicher mat Russland

D’Ukrain weist sech fir Gespréicher mat Moskau bereet. Den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba ass aktuell zu Peking fir no enger diplomatescher Léisung ze sichen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Photoshot

Den ukrainesche President Wolodomyr Selenskyj huet sech éischter optimistesch gewisen iwwert méiglech diplomatesch Fortschrëtter. Et géif ee kloert Signal vu China gi fir déi territorial Integritéit an d’Souveränitéit vun der Ukrain ze ënnerstëtzen.

Bis elo huet Moskau keng Äntwert ginn zu der Fro vun eventuelle Gespréicher fir eng Léisung ze fannen a fir dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain ze stoppen.