Radioen

On air

Tockcity  |  Tyler, The Creator - Sticky Feat. GloRilla, Sexyy Red & Lil Wayne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréich tëschent dem Selensky an dem Trump soll haut stattfannen

Krich an der Ukrain

Gespréich tëschent dem Selensky an dem Trump soll haut stattfannen

Dat deelt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj mat, een Dag nodeems den Donald Trump an de Vladimir Putin matenaner telefonéiert hunn. Do goufe béid Presidente sech jo net iwwer eng generell Waffepaus am Ugrëffskrich eens. Déi russesch-amerikanesch Friddensgespréicher sollen an den nächsten Deeg weidergoen, esou de Kreml.

auto_stories

1 min

©  Bigstock / Angelov
(Foto: Bigstock / Angelov)

Parallel géif de Vladimir Putin awer elo domat dreeën, weider Gebidder an der Ukrain fir Russland wëllen ze beusprochen, wa Kiew net séier de Fuerderunge vu Moskau géif zoustëmmen. Dat melle russesch Medien.

De Volodymyr Zelenskyj huet viru Concessiounen u Russland gewarnt. Notamment wat d'Hëllef fir d'Ukrain ugeet. De Vladimir Putin hätt am Gespréich gëschter um Dënschdeg mam Donald Trump verlaangt, datt de Weste keng Waffen a Geheimdéngschtinformatioune méi u Kiew liwwere soll, esou de Kreml. Eng Fuerderung, déi d'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas als "inakzeptabel" bezeechent huet.