Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Smash Mouth - Walkin' On The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friddenskonferenz um Bürgenstock: Succès oder just Show?

Schwäiz

Friddenskonferenz um Bürgenstock: Succès oder just Show?

Et ass een historesche Moment fir d’Ukrain, seet de President Wolodymyr Selenskyj. De Sommet fir de Fridden a sengem Land bréngt dëse Weekend an der Schwäiz iwwer 100 Staats- a Regierungscheffen, an international Organisatiounen zesummen. Russland gouf net invitéiert. E Friddensaccord kann net negociéiert ginn, an dofir gëtt d’Konferenz um Bürgenstock och vu ville Länner, déi Russland méi no stinn, ignoréiert.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / Photoshot play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot

Duerch wuertwiertlech Koudierfer schlängelen sech d’Mini-Busser an d’Limousinnen erop op de Bierg mat der spektakulärer Vue iwwert de Séi. D’Staats- a Regierungscheffe komme mam Helikopter an den Dall a ginn dann eropgefuer duerch Militär-Checkpointe an de Konferenzsall nieft dem Luxus-Hotel.

Op d'Zuel kënnt et un

Uewe waart de President Selenskyj. Hien, a déi schwäizeresch Presidentin, zielen d’Participanten op dësem Sommet. Well méi wéi soss eppes geet et drëm ze weisen, wéi vill Länner matmaachen. Wien ass nei dobäi? Wie kënnt aus dem Globale Süden? A wie follegt Russland a kënnt net bis an d’Schwäiz. Wéi China zum Beispill. De Grond: Fir e Fridden ze diskutéiere musse béid Länner do sinn, d’Ukrain a Russland.

De Selenskyj huet scho fréi de Sommet als Succès gefeiert, ebe grad well dach all Kontinent vertruede war, och wa just mat e puer Delegatiounen. D’Presidente vu Kenia, Argentinien, der Côte d’Ivoire representéieren de Globale Süden, an d’Entwécklungslänner, déi sech net richteg op d’Säit vu Kiew stellen.

Si sollen all zesummen Deeler vun der Ukrain hirem Friddensplang diskutéieren. Net déi Deeler, wou et keen Accord mat Russland ka ginn. Op d'mannst net elo, wéi de komplette Réckzuch vun den Truppen aus allen Deeler vun der Ukrain.

De Luc Frieden als Mediateur?

Amplaz geet et op dësem Sonnden ëm d’nuklear Sécherheet an den Echange vu Prisonéier, Themae wou ee sech ka virstellen, Moskau un den Dësch ze kréien. Op engem anere Sommet iergendwann, villäicht nees hei uewen um Bierg, wou och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden der Ukrain seng Ënnerstëtzung weise wollt.

Et erënnert ee sech drun, datt säi Virgänger, de Xavier Bettel, nach um Ufank vun der russescher Invasioun sech mam Wladimir Putin um Telefon ënnerhalen hat an eng Zort Mediateur wollt spillen.

Kee Rôle fir de Luc Frieden, wéi hie seet.

D'Roll vun der Schwäiz

Een anert Beispill ass d'Schwäiz, déi de Kontakt mat Moskau fleegt. D’Neutralitéit vun der Schwäiz gëtt dem Land déi Méiglechkeet, esou e Rôle ze spillen. Mat wéineg Succès bis elo, ausser der Méiglechkeet, déi iwwer 50 Staatscheffen op de Bürgenstock ze lackelen.

Villäicht bis eng nächste Kéier. Villäicht mat Moskau déi Kéier. Vill misst sech um Terrain awer veränneren, fir datt et dozou kéint kommen.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Luzern. 

Lauschterenplay_arrow