Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Assemblée nationale: Camp vum Macron kritt 6 Kommissiounen

Frankreich

Assemblée nationale: Camp vum Macron kritt 6 Kommissiounen

Am franséische Parlament huet de Camp vum President Emmanuel Macron d’Presidence vu 6 vun den am Ganzen 8 Kommissiounen zougesprach kritt, an d’Sozialisten an d’France Insoumise all Kéiers eng.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Jean-Claude Franck

Un der Spëtzt vun der Finanzkommissioun vun der Assemblée nationale steet mam erëmgewielten Eric Coquerel e Vertrieder vun der France Insoumis. D’Presidence vun dëser Kommissioun ass traditionell fir en Oppositiounsdeputéierten. D’Droite wollt déi onbedéngt hunn, ass awer gescheitert.

Och wann d'Spëtzeposten an der franséischer Assemblée nationale verdeelt sinn, ginn d’Diskussiounen ëm dës Verdeelung weider. Gëschter Owend huet sech déi al an néi Presidentin vun der Nationalversammlung, d’Yaël-Braun Pivet, zu Wuert gemellt an hir Victoire verdeedegt. Bei der Lénksallianz Nouveau Front Populaire wëll een de Walausgang net akzeptéieren, wärend d’Sich no engem gemeinsame Kandidat fir de Premierposte weidergeet.