Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Frankräich gëtt eng nei Presidence fir d'Assembléé Nationale gesicht

No de Presidentiellen

A Frankräich gëtt eng nei Presidence fir d'Assembléé Nationale gesicht

A Frankräich ass et haut um Donneschdeg den éischten Dag vun der neier Legislatiounsperiod, déi theoreetesch fënnef Joer laang leeft. 577 Deputéiert sinn opgeruff eng nei Presidence vun der Assemblée Nationale ze wielen. Sechs Persoune stinn zur Auswiel. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker play_arrow
Foto: picture alliance / | Daniel Kalker

De Mëtteg um 15 Auer gëtt een neie President oder eng nei Presidentin vun der Assemblée gewielt. Mee amplaz vun den üblechen zwee Tier kéint et dës Kéier wéinst der fragmentéierter Nationalversammlung op een drëtten, decisive Waltour erauslafen, an deem eng einfach Majoritéit duergeet.

Och wann den Nouveau Front Populaire sech nach net op en Numm fir de Premierposten eenege konnt, hu si gëschter hire gemeinsame Kandidat fir d’Presidence vun der Assemblée presentéiert. De Kommunist André Chassaigne geet fir si an d'Wal. D’Mathilde Panot vun der Lénkspartei La France Insoumise sot gëschter, dës Wal wier wichteg fir ze beweisen, datt d’Lénksallianz de legitimme Gewënner vun de Legislativwalen ass, wat de President Macron net akzeptéiere wëllt.

Fir de macronistesche Block trëtt d’Yaël Braun-Pivet nach eemol un, déi bis elo Presidentin vun der Assemblée war. Fir de Grupp Horizons ass et déi fréier Vizepresidentin vun der Assemblée, d’Naïma Moutchou, fir de Grupp Liot ass et de Charles de Courson, fir d’Republikaner de Philippe Juvin a fir de rietsextreeme Rassemblement National de Sébastien Chenu, dee bis elo Vizepresident vun der Assemblée war.

E Freideg wäerten nach 21 aner strateegesch Posten an der Assemblée nei besat ginn, dorënner 6 Vizepresidenten an 12 Sekretären. Och déi verschidden intern Kommissioune ginn nei besat.

Max Tholl (Paräis)