Radioen

On air

Simon Says  |  Wanda - Bologna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump offiziell als Presidentschaftskandidat confirméiert

Parteikongress vun de Republikaner

Trump offiziell als Presidentschaftskandidat confirméiert

An den USA hunn d'Republikaner den Donald Trump offiziell als hire Kandidat fir d'Presidentschaftswal nominéiert. Den Trump krut um Parteidag zu Milwaukee wéi erwaart déi néideg Majoritéit vun den Delegéiertestëmmen. Säi "Running mate" gëtt den J.D. Vance.

auto_stories

2 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Leyden

De fréiere President trëtt domat de 5. November dem aktuelle Stand no nach emol géint den Joe Biden un. 

Den Donald Trump huet och bekannt gi wien op senger Säit als Vizepresident kandidéiert. Et ass dat deen 39 Joer alen J.D. Vance, Senateur aus dem Ohio a fréieren Zaldot, Geschäftsmann a Bestseller-Auteur. Den J.D. Vance war fréier e Kritiker vum Donald Trump, mee ass haut ee vu sengen enkste Vertrauten.

Den Donald Trump ass mat engem wäisse Verband um Ouer op de republikanesche Parteidag zu Milwaukee komm. Et war säin éischten ëffentlechen Optrëtt nom Attentat vu virgëschter. Hie gouf mat groussem Applaus empfaangen.

Uklo soll net falegelooss ginn

Den amerikanesche Justizministère wëllt iwwerdeems déi sougenannten "Dokumenten-Affär" géint den Donald Trump net faleloossen. Nodeems gëschter eng Riichterin decidéiert hat, d'Uklo falenzeloosse well d'Nominatioun vum Spezial-Enquêteur net verfassungskonform wier, huet e Spriecher vum Enquêteur Jack Smith annoncéiert: Hie wéilt an Appell géint der Riichterin hir Decisioun goen.

An dëser Affär krut de fréiere President Donald Trump virgehäit, geheim Dokumenter mat a seng Villa a Florida geholl a virun der Justiz verstoppt ze hunn.

Elon Musk wëll den Trump finanziell massiv ënnerstëtzen

Den Tesla-Grënner a Multi-Milliardär Elon Musk wéilt den Donald Trump weider massiv finanziell ënnerstëtzen, mellt de Wall Street Journal. Deemno wéilt den Elon Musk all Mount 45 Milliounen US-Dollar an en neie Fong abezuelen, mat deem den Trump fir d‘Presidentschaftswal soll ënnerstëtzt ginn.