Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ex-Konkurrente stelle sech hanner den Trump - Zweifel ëm de Biden bleiwen

Walen an den USA

Ex-Konkurrente stelle sech hanner den Trump - Zweifel ëm de Biden bleiwen

Um Parteidag vun de Republikaner zu Milwaukee krut de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump d‘Ënnerstëtzung vun zwee vu senge fréiere Konkurrenten: Déi fréier UNO Ambassadrice Nikki Haley an de Ron DeSantis, Gouverneur vu Florida, hu sech hanner den Donald Trump gestallt. Gläichzäiteg wuessen d'Zweifel bei den Demokraten iwwer de Biden virun.

auto_stories

1 min

Republikanesche Parteidag | © picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon

Souwuel d'Nikki Haley, wéi och de Ron DeSantis hunn um Republikanesche Parteidag zur Eenheet opgeruff. Den Donald Trump soll iwwermuer um leschten Dag vum Parteidag eng Ried halen.

Bei den Demokrate ginn et weider Diskussiounen, ob a wéini si de President Joe Biden als Kandidat fir eng zweet Amtszäit wëllen opstellen. Méiglecherweis soll den Joe Biden nach virum Parteidag am August op virtuellem Wee als Presidentschaftskandidat nominéiert ginn.

D'Parteileedung huet confirméiert, datt eng virtuell Ofstëmmung fir dëse Weekend envisagéiert gëtt. Der Noriichtenagence Reuters no sinn awer eng Partie demokratesch Deputéierter dogéint.