Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ G7-Sommet: KI, Waffeliwwerungen a Migratioun stoungen um Programm

Bari

G7-Sommet: KI, Waffeliwwerungen a Migratioun stoungen um Programm

Haut um Freiden ass et um G7-Sommet zu engem groussen Deel ëm d’Migratioun gaange. En Theema, dat der italieenescher Premierministerin Giorgia Melonia an hirer rietser Partei jo besonnesch um Häerz läit. An et war och déi éischte Kéier, datt de Poopst op engem G7-Sommet d'Wuert ergräife konnt.

auto_stories

3 min

G7 Bari | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

De Poopst Franziskus huet um G7-Sommet an der Regioun Apulien, a Süd-Italien, virun de Gefore vun der kënschtlecher Intelligenz gewarnt. Et war déi éischte Kéiert datt e Poopst eng Ried op esou engem Sommet vun de räichste westleche Länner hält.

Migratioun: Europäesch Parallellen zu den USA

Déi italieenesch Premierministerin Giorgia Melonia mécht iwwerdeems e selbstbewossten Androck op hirem Sommet an Apulien. Hier riets Partei, d'Fratelli d'Italia, huet de leschte Weekend an den Europawale gutt ofgeschnidden. An dat stäipt hir an hirer haarder Positioun géint d'Migratioun de Réck.

Um Sommet goung et em Weeër fir d’Flüchtlingsstréim ze bremsen an d’Passeuren ze stoppen. En Theema net nëmme fir Europa, mee och fir den US-President Joe Biden, deen och probéiert, d’illegal Immigratioun op der Grenz mat Mexiko ze bremsen.

An de Länner wou d’Migranten hier dacks liewesgeféierlech Reesen ufänken, soll investéiert ginn. Besonnesch d’Giorgia Meloni wëll méi an Afrika investéieren.

Net just een exklusive Club

Invitéiert Länner aus Afrika sollen direkt matschwätzen. D’Presidente vun Algerien, Kenya, a Tunesie sinn och um G7-Sommet. Och Brasilien, Indien, d’Arabesch Emirater, sinn ënner anerem hei. Eng Taktik fir de G7 fir manner auszegesi wéi en exklusive Club fir just déi siwe räich westlech Länner.

Fir d’zweet Joer an enger Rei war gëschter och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj invitéiert. Spéit owes gouf en neie Sécherheetsaccord tëscht der Ukrain an den USA vum Selenskyj a vum Joe Biden ënnerschriwwen.

Fir déi nächst 10 Jore soll esou déi amerikanesch militäresch Ënnerstëtzung fir Kiew garantéiert ginn. Méi Rakéitenofwiersystemer brauch d’Ukrain, a fënnef dovunner wäert et der ginn, sot de Biden, ouni awer d’Länner ze nennen, déi se un d’Ukrain weiderginn.

Solidaritéit mat der Ukrain wäert weider getest ginn

De G7 ënnerstëtzt d’Ukrain weiderhin. Italien, d’USA, Kanada, Japan, Groussbritannien, Däitschland, Frankräich, an d’EU: Si all stinn op der Säit vu Kiew. Trotzdeem huet de Selenskyj hei an Italien sech en public gefrot, wéi laang déi Unitéit kéint daueren.

De Weekend an der Schwäiz gëtt déi Solidaritéit nees getest. Um Sommet fir de Fridden an der Ukrain zu Luzern gëtt iwwert e méigleche Wee Richtung Fridde geschwat. En Accord kann et selbstverständlech net ginn, well Russland net invitéiert gouf.

Lëtzebuerg wäert och mam Premier Luc Frieden um Sommet Deel huelen.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Bari.