Radioen

On air

Simon Says  |  Manu Chao - L'automne Est Làs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emmanuel Macron schléisst Récktrëtt aus

Frankräich

Emmanuel Macron schléisst Récktrëtt aus

Den Emmanuel Macron schléisst aus, datt hien no den Neiwalen als President zerécktriede kéint. An engem Bréif, deen haut an der regionale Dagespress publizéiert gëtt, versprécht hien, bis Mee 2027 President ze bleiwen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Datt hie bei enger klorer Walnéierlag eventuell misst zerécktrieden, hat ënner anerem d‘Marine Le Pen vum Rassemblement National gefuerdert.

De President vun der riets-extreemer Partei, de Jordan Bardella, soll haut déi grouss Linne vum Programm vum RN presentéieren.

Et bleift nach eng knapp Woch bis den éischten Tour vun den Neiwalen. Deen ass dëse Sonndeg.

Lauschterenplay_arrow