Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei franséisch Regierung steet a kritt keng laang Zukunft virausgesot

Frankräich

Nei franséisch Regierung steet a kritt keng laang Zukunft virausgesot

Zënter gëschter Owend steet déi néi franséisch Regierung, déi 39 Persounen ëmfaasst. Dominéiert gëtt dës vun der Partei Renaissance vum President Emmanuel Macron a Les Républicais, d’Partei vum Premier Michel Barnier. D’Oppositioun huet direkt reagéiert a schonn e Mësstrauensvott en vue gestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel play_arrow
Direkt goufen et Protester géint déi nei Regierung. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel)

Max Tholl (Paräis)

39 Ministeren, delegéiert Ministeren a Staatssekretäre ginn et an der neier Regierung, 7 vun hinne waren och schonn Deel vun der leschter Ekipp ënnert dem Gabriel Attal, dorënner d’Kulturministesch Rachida Dati, den Arméisminister Sébastien Lecornu oder och den neien Ausseminister Jean-Noël Barrot.

12 Persoune kommen aus dem Lager vum President Macron, 10 vun de konservative Les Républicains. De Rescht verdeelt sech op aner zentristesch a riets Parteien. Eenzeg den Didier Migaud, neie Justizminister an eemolege Sozialist, representéiert d’Gauche.

Inneministère geet un e Stammkonservativen

De fréiere Gesondheetsminister an elo Member vum lénke Walgewënner Nouveau Front Populaire, den Aurélien Rousseau, sot de Moien op franceinfo, de Migaud géing awer net vun der rietser Regierungslinn ofwäichen. Den Nouveau Front Populaire géing elo e Mësstrauensvote preparéieren a sech bereethale fir ze regéieren, sou de Rousseau.

Och fir de rietsextreme Rassemblement National bléift de Mësstrauensvott eng Optioun. Et wëll een awer fir d’éischt de Budget a Regierungsprogramm ofwaarden, sot de Vize-President vun der Partei, de Sébastien Chenu de Moien op franceinfo.

Datt de strammkonservative Bruno Retailleau den Inneministère an domadder d’Immigratiounspolitik iwwerhëlt, dierft dem RN gefalen. Beim Regierungspartner, dem zentristesche MoDem, hat dës Nominatioun e Freideg fir eng Krisesëtzung gesuergt.

Mélenchon wëll d'Regierung direkt lassginn

Den éischten Oktober soll de Premier Michel Barnier eng Regierungserklärung maachen. Analyste soen der neier Ekipp keng laang Liewenszäit viraus. Si riskéiert e Mësstrauensvott. De Jean-Luc Mélenchon vun der France insoumise huet gëschter direkt gefuerdert, alles drun ze setzen, dës Regierung esou séier ewéi méigelech lass ze ginn.

De Jordan Bardella vum rietse Rassemblement national sot, déi Regierung hätt keng Zukunft.

Lauschterenplay_arrow