Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland kuckt gespaant op d'Landtagswalen a Brandenburg

AfD géint SPD

Däitschland kuckt gespaant op d'Landtagswalen a Brandenburg

An Däitschland riicht den Interesse sech haut op Brandenburg, wou Landtagswale sinn. 2,1 Millioune Leit sollen ofstëmmen. A Sondagë läit déi rietsextrem AfD virun der SPD, déi zënter 1990 de Ministerpresident vu Brandenburg stellt.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Frank Hammerschmidt
Foto: picture alliance/dpa | Frank Hammerschmidt

Aktuelle Ministerpresident ass den Dietmar Woidke. Hien hat eng Koalitioun mat der CDU an de Gréngen. De Woidke huet annoncéiert, just weider wëllen ze maachen, wa seng Partei stäerkste Kraaft bleift. 

Sondagë soe viraus, datt eng Koalitioun vun SPD, CDU a BSW – Bündnis Sahra Wagenknecht - méiglech kéint sinn. Déi Gréng an déi Lénk leien a Sondagen ënnert der 5 Prozent Barrière. D‘FDP huet a Brandenburg keng Chancen eranzekommen.