Kuerz virun hallwer 9 gëschter Owend haten 331 Deputéiert vun der Assembée nationale géint d’Regierung vum fréieren EU-Kommissär gestëmmt. Ronn 13 an eng hallef Stonne méi spéit hat de Michel Barnier Rendez-vous am Elysée.
Onroue sollen evitéiert ginn
Pünktlech um 10 Auer koum den 73 Joer ale Michel Barnier am Presidentepalais un: Bal eng Stonn an eng véierel blouf hien do. Nom Michel Barnier wëll den Emmanuel Macron am Laf vum Dag nach d’Parlamentspresidentin Yaël Braun-Pivet an de Senatspresident Gérard Larcher am Elysée ëmhänken.
Am Virfeld vun der Visitt vum Michel Barnier beim Emmanuel Macron hate sech d’Parteie fir déi no Zukunft positionéiert. Sou huet d’Yaël Braun-Pivet vun der liberaler Presidentepartei Renaissance, Ex-La République en marche, de President dozou opgeruff, séier een neie Regierungschef ze nennen, fir keng Ongewëssheet opkommen ze loossen.
Gëtt et ee Kompromësskandidat?
Vill Hoffnung gëtt et awer net: Déi radikal Lénkspartei La France insoumise huet nämlech ugekënnegt, kengem Premier hir Zoustëmmung ze ginn, deen net vum Nouveau Front populaire, dem lénke Parteienzesummeschloss, ass. Dogéint wëll de Rassemblement National kee Premier vun der Gauche.
Domat stinn d’Zeechen net gutt, fir séier eng Léisung vum politesche Chaos an eisem Nopeschland ze fannen. An der franséischer Press gëtt de Moien iwwregens ënner anerem den Numm vum 73 Joer ale François Bayrou als Kompromësskandidat fir Matignon genannt.
Mat Moody’s huet sech de Moie schonn eng vun de Ratingsagencen, déi d’Kreditwierdegkeet vu Länner bewäerten, zu Wuert gemellt: Si ass der Meenung, datt d’Ofwiele vun der Regierung Barnier "d’Warscheinlechkeet vun enger Consolidatioun vun den ëffentleche Finanze reduzéiert.“
Den Owend um 8 Auer adresséiert sech de President Emmanuel Macron da via d’Tëlee u säi Vollek.