search

/ Streik zu Berlin: Luxair-Flich annuléiert

Däitschland

|
reading time

1 min

Streik zu Berlin: Luxair-Flich annuléiert

Um Berliner Flughafe Berlin-Brandenburg gouf de Betrib haut komplett gestoppt wéinst engem Warnstreik. Dowéinst goufen och déi zwee Luxair-Flich de Moien an den Owend op Berlin-Brandenburg ofgesot.

reading time

1 min

Flughafen Berlin Brandenburg ( BER ) | © picture alliance / Rainer Keuenhof | Rainer Keuenhof
Flughafen Berlin Brandenburg ( BER ) (Foto: picture alliance / Rainer Keuenhof | Rainer Keuenhof)

Wéinst Warnstreiker ginn et an e puer däitsche Stied a Regiounen haut Perturbatiounen am ëffentlechen Transport. Dorënner München. Do wäert och den Champions-League-Match am Fussball tëschent de Bayern an Atalanta Bergamo betraff sinn.

D‘Gewerkschaft Verdi huet zum Streik opgeruff. Si fuerdert méi héich Salairen a besser Aarbechtskonditioune fir d‘Mataarbechter:innen.