Et goufen och e gréissere Stroumausfall ronderëm Sandweiler. De war awer séier behuewen.
Et ass iwwerdeems och manner Schnéi gefall wéi erwaart.
Süde vun Däitschland preparéiert sech op de Schnéi
Anescht Situatioun an Däitschland: Nodeems gëschter um Freideg am Norden de Fernverkéier op de Schinne wéinst villem Schnéi ganz ënnerbrach gouf, soll en haut um Samschdeg awer rëm verschidden Zich rullen, obwuel nach ëmmer mat Perturbatiounen ze rechnen ass.
De Schnéi wäert sech haut op de Süde vun Däitschland verlageren.