arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Risiko vu Vegetatiouns- a Bëschbränn: Regierung, CGDIS a Co. ruffen zur Virsiicht op

National

|
reading time

1 min

Risiko vu Vegetatiouns- a Bëschbränn: Regierung, CGDIS a Co. ruffen zur Virsiicht op

Wéinst dem erhéichte Risiko vu Vegetatiouns- a Bëschbränn rifft d'Regierung zur Virsiicht op. An engem gemeinsame Communiqué erënneren ënner anerem de CGDIS, MétéoLux an déi zoustänneg Verwaltungen drun, datt déi dréche Wiederkonditioune vun de leschte Wochen d'Brandgefor däitlech erhéicht hunn.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D'Autoritéite bieden d'Leit, keng Zigarettestëmp an d'Natur ze geheien an dobausse kee Feier unzemaachen.

Gegrillt soll nëmmen op den dofir virgesinne Plaze ginn.

Zoufaarten net blockéieren

Och sollen Autoen net iwwer Wisen, Felder oder duerch Bëscher gefuer ginn, well Hëtzt oder Funken e Brand ausléise kënnen. Ausserdeem dierfen Zoufaarten zu Bëschweeër a Felder net blockéiert ginn, fir datt d'Pompjeeën am Noutfall séier op d'Plaz kommen.

Am Fall vun engem Brand sollen d'Leit sech als éischt a Sécherheet bréngen an direkt den Noutdéngscht iwwer den 112 alarméieren.