D‘Amelux fuerdert dofir ugepasste Schaffzäiten a Schaffplazen. Besonnesch a Beräicher wéi Bau, Stroossebau, Gaarden- a Landschaftsbau souwéi Logistik wieren d‘Gesondheetsrisike fir d‘Salariéen héich.
Beispillsweis kéinte vun Temperature vu 34 Grad u verschidden Adaptatioune besonnesch bei den Aarbechtszäiten ageféiert ginn.